On July 18, 2025, the agency Paul Reinig celebrated its 50th anniversary.
On the occasion of this special milestone, we are sharing our story with you—captured in pictures. Join us on a journey through five decades.


Dir Dammen, Dir Hären,
Häerzlech wëllkomm op eisem 50järige Betriibsjubiläum.
Ech begréissen:
- den Député-Maire Charel WEILER, Buergermeester vun der Stad Dikrech,
- d’Madame GILS, Buergermeestisch vun der Gemeng Tandel, mat hire Schäffen,
- den Här SCHILTZ, Buergermeester vun der Gemeng Reisduerf, mat den Damen Schäffen,
- den Här Jean-Paul SCHAAF, Députéierten an 1. Schäffe vun der Gemeng Ettelbréck,
Begréissung
- d’Hären DERNEDEN a KURTISI, d’Schäffe vu menger Heemechtsgemeng Bettenduerf,
- de Präsident vum Dikrecher Geschäftsverband Marc FABER,
- all Vertrieder vu Gemengen a staatlëschen Servicer,
- d’Patronen an d’ Vertrieder vun den Handwierksbetriber, vun den Architekten an Ingenieursbüroen,
- léif Invitéiert, léif Matarbeschter, léif Famill,
Virun 10 Jär, wéi mir 40 Jär gefeiert hunn, hat ech versprach, an 10 Jär gesi mir eis zréck op dëser Plaz. Mir sënn do ukomm.
Een Dag wéi hätt, ass een Dag voller Dankbarkeet, datt engem sou vill Liewe geschénkt ginn ass fir kënne 50 Jär Betriibsbestoen z’erliewen.
1975 huet alles ugefaang, virun engem halwe Järhonnert oder 18.250 Deeg. An zwar hei niewendrun op Nummer 12, mat engem Schreifdësch, enger mechanescher Schreifmaschinn an engem Telefon.
Deemools konnt ee sech ouni vill administrativ Hürden a bürokrateschen Opwand selbststännesch maachen. Wann ee seng Handelsermächtigung hat, ass een einfach schaffe gelooss ginn. All ineffektiv Formalitéiten haten Zäit a konnte spéider nogereecht gi wann eemol ee puer Frang an der Kees waren. Och d’Steier-verwaltung huet sech deemools Zäit gelooss.
Dat wirtschaftlicht Ëmfeld war duerfir eher düster. D’Ueligkris vun 1972 war 1975 nach net iwwerwonne, wéi d’Stolkris komm ass mam Ofbau vun Dausenden Aarbichtsplazen.
Eng zousätzlech Steier vun 8%, déi sougenannte Solidaritéitssteier, ass agefouert ginn. An den 80er sënn d’Zënsen bis op 12% geklomm, d’Inflatioun war héich.
A sou engem wirtschaftlichen Ëmfeld war de Verdéngst an eisem Eemannbetrib
bescheiden.
Datt d’Servicer vun enger Immobilière kaum bekannt waren, deemools gouf et 2 Agenturen am Norden, mech selwer matgezielt, huet et net méi einfach gemaach.
1985 sënn zu de Servicer Verkaf, Vermietung, Assurance och d’Hausverwaltung dobäi komm an et gouf och schonns eng elektresch Schreifmaschinn.
1987 konnt ech déi éischt Sekretärin engagéieren, -meng Neess, d’Nicole Reinig, si ass hätt och bei eis.
Am Büro gouf deemools den Nasskopierer vum Trockenkopierer ersat an et gouf schonns een Telefax.
An den neinziger Jären ass weider Personal engagéiert ginn.
Ugangs 90
huet de Büro sech technesch verännert. Et ass lass gaang mat der Informatiséierung.
PCe mat Schreifprogramm, Excel, asw.
D’Hausverwaltung ass och informatiséiert ginn.
An den neinziger Jären huet den Immobiliemaart massiv u Faart zougeluecht an ‘t ass sou weider gaang am neie Järdausend, bedingt duerch Bevëlkerungswuesstem a gudder Kafkraaft vun de Konsumenten.
1998 ass REINIG PROMOTIONS gegrënnt ginn, wéi den Numm et seet, fir Projeten z’entwéckelen an ze bauen.
D’Finanzkris 2008 huet den Immobiliëmaart nëmme vorübergehend geschwächt.
An deene Järzéngten ass d’Bevëlkerung massiv gewues wéi och den Immobiliëvolumen, a mir si matgewuess.
Am Jär 2000 hu mir op dëser Plaz nei Büroen opgemaach, 2004 een zousätzleche Büro zu Ettelbréck. An der Follig sënn d’Versammlungssäll fir d’AGe vun de Coproprietéiten iwerall ugegliddert ginn.
Intern sënn d’Büroe lafend moderniséiert ginn. Nei Programmer fir d’Gestioun vu Verkaf a Vermietung, an och fir d’Hausverwaltung sënn installéiert ginn.
Den éischten Internetsite datéiert vun 2005 a säit 2012 drécke mir eis eegen Hauszeitung.
Wéi mir 2015 hei 40 Jär gefeiert hu ware mir eng Equipe vu 14 Lätt.
Wat huet sech säit 2015 bis hätt am Betrib verännert?
Mir si weider gewuess.
Fir méi no bei eise Stater Clienten ze sënn, hu mir 2017 een drëtte Büro zu Beggen opgemaach, fir dann 2023 dëse Büro an eis eege Reim op Bereldéng ze verleeën.
Eis Büroen hei zu Dikrech hu mir 2019 wesentlich vergréissert.
2015 huet Reinig Paul Promotions, 2025 ëmbenannt a REINIG PAUL SERVICES, den Obtrag kritt fir een techneschen Déngst opzebauen, an zwar fir déi Residenzen, déi mir schonns administrativ verwalten, och technesch ze betreien.
Ugefaangen huet et mat enger Camionette a mat enger Hallefdaagsbeschäftegung. Doraus ass ganz séier eng Ganzdaagsbeschäftegung ginn.
Fir der grousser Nofro gerecht ze ginn, hu mir dëse Service wädder ausgebaut.
Säit Enn 2023 beschäftege mir eng Equipe vu 6 Handwierker, si stinn hei hannert mir :
1 Elektriker, 2 Schräiner, 1 Chauffagiste-Installateur, 1 Usträicher an 1 Steemetzer mat Baggerführerschäin ; ausgerëst mat 6 Camionetten déi passend equipéiert sënn.
D’Entwécklung an d’Vergréisserung vum technesche Service schwätzt fir sech, hien huet de Coproprietaire gefeelt.
Mir hunn eis Geschätsaktivitéiten an alle Beräicher an de lästen 10 Jär vergréissert. Eis Equipe ass vu 14 op 21 gewuess.
Wat huet sech dobausse verännert ?
Bis 2021 eng eemoleg gënsteg Entwécklung: Zënse knapp iwert 1 %, dat war Sauerstoff fir den Immobiliëmaart. De Konsument war a gudder Kaflaun, an d’Präisser fir dat alldeeglecht Liewe ware relativ stabill. An de Verkaafswert vun den Immobiliën ass kontinuéierlech geklomm.
Am Zäitraum 2015 bis Ufank 2022 konnte mir vill Neibaute verwierklichen, déi läst waren hei zu Dikrech, déi 2024 resp. 2025 fäerdeg gi sënn.
Säit 2022, wou den Immobiliëmaart gekippt ass, hu mir keen neie Projet méi lancéiert.
De Covid, an deen domat verbonnene Lockdown 2020, huet de Verkaf deemools net negativ beaflosst, mee d’Material-präisser am Neibau së geklomm.
Sou wéi d’Verkaafspräisser gestige sënn, ass d’Bürokratie matgewuess, déi schonns virun 10 Jär ze grouss war, an och Matverursaacher vun der Präisspiral vun all deene Jären ass.
Déi bëlleg Hypothéikenzënsen an déi kuerzfristeg Gewënner bei 2. an 3. Verkeef, huet zu engem Verhale beim Privat-verkeefer gefouert, wéi wann d’Quadratur vum Krees geléist wier.
De 24. Februar 2022 mam Ugrëff op d’Ukrain, ass d’Zäitewend agelaut ginn. D’Wuelstandsblos ass geplatzt, d’Energie-präisser sënn duerch de Plafong gaangen, Lieferkettenënnerbriechungen um lafende Band, grouss wirtschaftlich Onsëcherheeten hu sech breet gemaach.
D’Zënse sënn a kuerzer Zäit vun 1,20% op iwer 5% geklomm, also méi wéi vervéierfacht. Alles ass rasant méi deier ginn. Den Neibau ass 2022/2023 bis zu 40% méi deier ginn, d’Occasiounsimmobilië sënn am selwischten Zäitraum bis 25% gefall.
Vu Mëtt 2022 un ass de Verkaf vun neie Wunnengen op quasi NULL zréck gaang, an dorun huet sech bis haut wéineg geännert, och wann dëst Jär mol heiansdo eng Vente gemaach gouf. D’Konsequenz ass, datt mir säit 2022 keen neie Projet méi lancéiert hunn, -eng Situatioun déi am ganze Land festzestellen ass, de Wunnengsbau ass praktesch dout.
De Gesteeungspräis vum Neibau ass sou explodéiert, datt schonns fir déi meeste Clienten de Gesteeungspräis net méi finanzéierbar ass.
An d’Bevëlkerung vun eisem Land wiisst séier weider, läst Jär ongeféier ëm 11.000 Bierger. Laut Statistik brauche mir an deenen nächsten 10 Jär 50.000 Wunnengen. Wat kéint d’Äntwert sënn?
Jo, de soziale Wunnengsbau, mä dat kann net déi eenzeg Äntwert sinn. An deem Szenario géif dat heeschen, datt d’Mëttelschicht vun eiser Bevëlkerung am soziale Wunnengsbau géif landen, an aus dem fräie Maart gedréckt géif ginn.
Et gëtt nëmmen eng Änwert! Et muss méi bëlleg kënne gebaut ginn, net méi schlecht betounen ech.
De fräie Maart ass amstand fir de Problem ze léisen.
Duerfir muss de fräien Unternehmer, dee kreativ ass a schaffe wëll, net un Hänn a Féiss gefesselt sënn mat engem Wuust vu Reglementer, déi onheemlech Zäit klauen, a villfach keng Sënnhaftegkeet hunn a vill Geld begruewen, dat heescht de Bau verdeieren.
Stinn op ausgewisenem Bauland ee puer Beem, muss de Bauhär eng Etude maachen a bis zu engem Jär op déi ministeriell Geneemegung waarde fir d’Beem ze fällen, a muss nach eng säfteg Tax un de Staat bezuele wann nit ka kompenséiert ginn.
Wa gemengt gëtt, datt am Buedem Teller oder Tase vun de Réimer kéinte leien, musse Prouftranchéeë gemaach ginn, a jee no deem ass de Chantier fir laang Zäit blockéiert.
Wann een aalt Gebai drop steet, gëtt kontrolléiert op am Koll ënnert de Plättercher Spure vun Asbest sënn, a schonns muss eng Entsuergung organiséiert ginn wéi wann dat mindestens sou geféierlech wier wéi eng radioaktiv Verseuchung.
Dat ass nach nëmmen ee klengen Abléck wann een op ausgewisenem Bauland wëll bauen. Et wier nach vill méi opzezielen. Wat alles bei Neierschléissung vu Bauland ze duerchlafen ass, dat géif d’Rumm vun dëser Ried spréngen.
Beim Appartementsbau gëtt d’Zuel vun den Appartementer pro Block kléng gehal, an d’Gréisst vun den Appartementer an den Zëmmer virgeschriwwen. Och an den Zentren ass Tendenz fir ëmmer manner Etagen zouzeloossen.
D’Trapenhausbreet déi neierdéngs virgeschriwwe gëtt, ass schonns no bei der Breet vun enger Einbahnstrooss fir d’Autoen.
An dësem Beräich ass net ze vergiessen, datt d’Appartement fir déi meest jonk Leit déi éischt Uschaffung ass, d’Sprangbriet ass fir spéider een Haus.
Wann awer d’Luxusreglementéierung de Produkt sou deier mëcht dat kaum nach jonk Leit kënne kafen, da wësse mir wou den Hiewel muss ugesat ginn.
Allzevill Bürokratie behënnert all Verännerungen. Eis Cliente vun 2025 hu vill Kafkraaft an deene lästen 3 ½ Järe verluer a musse mat Zënse liewen déi sech ëm 3,5%
apendele waarten.
Eng Situatioun op déi muss fundamental reagéiert ginn.
Een Architekt huet mir erzielt, wéi hien op der Uni war, ee Proff hinne folgende Message mat op de Wee ginn huet:
«An Ärem beroufleche Liewen ass deen een oder anere vun Iech derbäi fir Bautereglementer auszeschaffen. Denkt drun, d’Haaptaufgab ass de Gabarit festzeschreiwen, all méi ass zweetrangeg a villfach iwwerflësseg!»
Ee Kompromiss tëschent dëser Opfuerderong an deenen zig Säite vun deenen aktuelle Bautereglementer kéint de Wee an d’Zukunft sënn.
Et mëcht et net méi einfach, wann dee selweschten Apparat, deen dat iwwerdimensionaalt Reegelwierk vu Bürokratie geschaf huet, et selwer muss ofbauen an upassen. Ass dat iwwerhaapt ëmsetzbar?
Moossname vun der Regierung, de méi bëllegen Akt, manner Plus-value-Steier bis zum 30.06.2025, méi eng séier Ofschreiwung, si gutt a richteg, mä léisen de Wunnéngsdilemma net.
Wann een an der Press noliese kann, datt aus politëschem Mond gesot gëtt : «D’Promoteuren hunn hir Präisser nach net ugepasst!», stellen ech fest datt nach net all Politiker an der Realitéit ukomm ass.
Trotz allen Zweifel déi ech hunn: positiv ze bewäerten ass, datt an aner politesche Kreesser ganz vill vun Entbürokratiséierung geschwat gëtt. Ech hoffen datt Doten net ausbleiwen, an déi sozial Maartwirtschaft erëm déi Fräiheet zréck kritt, datt se sech selwer aus der Kris kann zéien.
Bei all menger Kritik un der allgemenger Iwwerbürokratiséierung an de läste 15 bis 20 Jär, betounen ech, datt ech an där Zäit ganz ville Mataarbechter an de Gemengen a staatleche Verwaltunge begéint hunn, déi géint den Zäitgeest konstruktiv gehollef hunn, an d’Dossiere positiv begleet hu fir se schlussendlech zur Geneemegung ze bréngen.
Déi Beamten – fir mech ee Liichttuerm an der Däischtert vun der Bürokratie, si së Virbiller, mat hirer Stëmm ass eng nei Verwaltungsmentalitéit méiglech.
Ee grousse Merci vun dëser Plaz u si.
Deen een oder aneren ass och hätt bei eis.
Merci och un
- all Handwierksbetriber, Architekten- an Ingenieursbüroen, déi fir eis geschafft hunn
- d’Affekotenetuden, déi eis beroden hunn a sech fir eist Recht agesat hunn,
- an un d’Banken déi eis Projetë finanzéiert hunn
Merci un all eis Clientën an deene läste 50 Jär.
Eng ganz besonnësch Unerkennung u meng Mataarbichter, déi aus der Vergaangenheet an déi aktuell. Si stinn hei alleguerte rondrëmt mech.
All eenzelnen ass eng Speech am grousse Betriibsrad, a si all zesummen halen et um Lafen. Si sënn d’Réckgrat vum Betrib.
Menger Famill hunn ech vill ze verdanken. Hei rechts vu mir meng Frau Laure a meng Duechter Marguy.
Lénks vu mir de Paul jr mat senger Fra Dominique an hiren 3 Bouwen, Nicolas, Loïc a Yann.
Wéi mir 40 Jär gefeiert hunn, huet den Nicolas meng Ried schonns am Bauch vu senger Mamm nogelauschtert.
Wéi Dir gesitt së mir fir d’Zukunft gutt opgestallt.
Hinnen alleguerte, fir hir besonnesch Stellung z’ënnersträischen, iwwerreechen ech Bloumen.
Als éischt menger Fra Laure, déi säit 44 Jär tëschent hirem Berouf, eise Kanner an eisem Betrib mat geschéckter Hand fir Ausgläich suergt.
Duerno:
- Marguy,
- Dominique + Paul jr,
- Nicolas, Loïc, Yann,
- dem Nicole Reinig, menger éischter Sekretärin.
De Buergermeester hei vun Dikrech, de Charel Weiler, géif ech bieden zum Riednerpult ze kommen.
Merci fir déi schéi Wierder.
Schlusswuert 1/3
Ech hat d’Gléck, an deene läste 50 Jär z’erliewe wéi eise Berouf sech quasi aus der Steenzäit an d’Modernt entwéckelt huet, eng Zäit vu villen nationalen an internationale Krisen
Fir d’Zukunft së grouss Verännerungen z’erwaarden op militärischem, wirtschaftlichem a gesellschaftlichem Plang.
Wéivill Digitaliséierung a KI sënn net den entscheedende Faktor, mä ‘t ass de Mënsch, an ech mengen net nëmmen déi grouss Entscheedungsträger, mä all eenzelnen ass gefuerdert aktiv ze reagéieren, datt eis zivilisatorischer Wäerter net verluere ginn.
Schlusswuert
Et wier schéi wann an eiser Gesellschaft rëm all Eenzelne méi Responsabilitéit géif droen, an net wéi all ze oft bei eeschte Schwiregkeeten nom Staat gerouf gëtt.
D’Politik muss dann awer och rëm de Fräiraum schafen, datt Hëllef zu Selbsthëllef rem kann entstoen a sech parallel dozou een neien Entrepreneursgeest am Mëttelstand entwéckele kann.
Fir d’Zukunft waarte mir wéi an der Vergaangenheet, Erfarung, Bewäertes mat der Neientwécklung sënnvoll verbannen. Dat gëtt eis Zouversiicht fir déi nächst Järzéngten.
Schlusswuert
Ech schléisse mat engem ganz grousse Merci un all déi, déi dës Festlechkeete méiglech gemaach hunn, besonnesch menge Mataarbechter an eisen Noperen, déi vill Verständnis hate fir d’Aschränkunge beim ran-a rausfueren, der Gemeng Dikrech, déi d’Parkplazen zur Verfügung gestallt huet an der Firma Lenz, déi zezummen mat éisen Technischen Dëngst dëst Zelt opgericht an dekoréiert hun.
Merci un Iech alleguer fir Är Präsenz an d’Nolauschteren.
Ech wënschen Iech ee gudden Appetit, iesst an drénkt a feiert laang mat eis.
Merci
Vergeest nit, Äre Kaddo matzehuele wann Dir heem gitt.


