" Dir Dammen, Dir Hären,

Häerzlech wëllkomm op éisem 40-järege Betribsjubiläum. Ech begréissen éisen Député-Maire Claude Haagen a seng Schäffen, d'Responsabel vun de staatlechen a Gemengeverwaltungen, den Dikrecher Geschäftsverband, léif Invitéen, léif Mataarbechter, léiw Famill.

1975, wéi ech mech an d'Selbstännigkeet gewot hunn, war d'Ëmfeld alles anescht ewéi roseg. D'Land war voll getraff vun der Stolkris, eng Folleg vun der Erduelegkris. Fir d'Massenaarbechtslosegkeet ze vermeiden, huet d'Regierung een Noutstandsaarbechtsgesetz gestëmmt.

An der Follig ass d'Solidaritéitssteier agefouert ginn, d'Zënse si geklomm an dat Ganzt war begleet vun enger galoppirender Inflatioun.

Trotz allem hunn ech mech getraut, nodeems ech 3 Jäer virdrun als Freelance bei der Agence Kieffer zu Ettelbréck geschafft hunn, mech 1975 selbstännig ze maachen, hei niewendrun op Nr. 12, dee Büro mat där klenger Vitrine.

1975 - Büro Diekirch
            1975 - Büro Diekirch

D’Servicer déi ugebuede goufen waren d’Vente, d’Locatioun an d’Assurancen. Déi 3 éischt Jäer war den Theo Jacoby vum Büro Croisé mäin Associé. Säi Büro huet mir am Ufank vill gehollef a mir schaffen och haut nach ëmmer an den Assurancen zesummen.


Deemols goufen et 2 Agencen hei am Norden: eng ganz uewen am Éislek, an ech hei zu Dikrech.


E jonke Beruff dee relativ onbekannt war, jiddefalls hei am Norden.


1928 gouf déi 1. Agence Immobilière an der Stad gegrënnt.


Den Eemannbetrib war d'Norm, an d'Bürosariichtung war spartanesch. An den 80er Joren huet d'Grousswiederlag sech net gebessert. Mir haten Zënse vun 12% op den Hypothéikekreditter, eng Solidaitéitssteier vun 8%, d'Loyeren vun de Geschäftslokaler ware vum Gesetzgeber blockéiert an de Steierbarême war wesentlech méi ongënsteg wéi haut.

Dat alles huet den Immobilienmaart gehemmt fir net ze soen gelähmt.

Trotzdem konnt de Büro an den 80er Joren technesch lues a lues moderniséiert ginn. 1985 hu mir déi 1. Hausverwaltung gemaach, an zwar manuell, 1987 ass déi 1. Sekretärin ugestallt ginn.

An den 90er Joren huet de Maart sech entspaant, d'Zënse si rof gaang, d'Solidaritéitssteier ass zeréckgefuer ginn an d'Wirtschaft ass am allgemenge besser gelaf.

Zouversiicht an Dynamik ass an den Immobiliemaart zréck komm.

De Quantesprong an der Entwécklung vun éisem Betrib huet an de leschten 20 Joer stattfonnt.

Am Ufank vun den 90er Joren ass déi 1. Informatik installéiert ginn.

Zanter 1997 huet sech d'Mataarbechteréquipe kontinuéierlech vergréissert an den 1. Hausverwaltungsprogramm gouf 1994 installéiert.

Reinig Promotions gouf 1998 gegrënnt, mam Zil Residenzen an Haiser ze bauen a Lotissementer z'entwéckelen.

Zur Zäit sinn 9 Residenzen an der Maach an 21 Terraine gi mat Eefamilljenhaiser bebaut.

Weider Projete si schonns an d’A gefaasst. All eis Realisatioune befannen sech an engem Ëmkrees vu 15 km.


2000 hu mir hei op dëser Plaz nei Büroen opgemaach an hun deen ale Büro moderniséiert.




 

2004 hu mir e Büro zu Ettelbréck opgemaach op der Nr 10, avenue Salentiny.




 

An deene Joren sin d’Büroen alleguerten elektronesch ëmmer méi performant ginn an all Service krut seng spezifesch Programmer. 


2008 hu mir een neie Programm fier Hausverwaltungen entwéckele gelooss. E Programm, deen op eis lëtzebuerger Verhältnisser zougeschnidden ass, an de lëtzebuerger Gesetzer a Reglementer Rechnung dréit.


D’Presentatioun vun der Ofrechung ass einfach an transparent a gutt verständlech fir eis Coproprietairen.


De Service Hausverwaltung steet zanter 15 Joren ënnert der Regie vun der Mme Wagner, si steet hei zu menger rechter Säit. Hire Service hëlt vu Joer zu Joer u Volumen zou.


Fir éis Coproprietairen nach besser ze bedéngen hu mir éis Büroe vergréissert, an zwar hu mir 2010 hei zu Dikrech e Versammlungssall ageriicht, an 2012 e Versammlungssall zu Ettelbréck.


Zënter 2012 hu mir eng eegen Hauszeitung, déi mir selwer drécken an déi all Woch aktualiséiert gëtt.


An de vergaangene Joren hu mir ëmmer dru geschafft fir eis visuell Presentatioun ze verbesseren an de Vitrinnen, an de Printmedien an och virtuell op den Internet-Säiten.


Ganz vill Wäert hu mir an de vergaangene Joerzéngten op d’Formatioun an d’Weiderbildung vun de Mataarbechter geluecht.


Dee groussen Zousproch dee mir bei éise Clienten erfuer hunn, huet et méiglech gemaach, datt ech haut 14 Mataarbechter am Betrib hunn déi d'Büroen Dikrech an Ettelbréck bedéngen. Si stinn alleguerte ronderëm mech bis op d'Arlette Stork. D'Arlette kann haut net bei éis sënn.



Dankbarkeet an Unerkennung wëll ech ganz allgemeng alle soen, déi zu deem Erfolleg bäigedroen hunn.

Ganz besonnesch wëll ech do ernimmen:

  • Meng Famill, déi hei viru mir steet, si hunn alles musse matdroen an erdroen, dacks hu si missten zrécksteechen, wann de Betrib mol ërem eng kéier Prioritéit hat.

  • All meng Mataarbechter, och déi, déi haut net méi bei mir schaffen. Déi Equipe déi haut hei ronderëm mech steet, zeechent sech aus duerch eng laang Betribszougehéiregkeet. Am längste bei mir schaffen, d'Nadine Weber 17 Joer, hei lénks vu mir, d'Marcelle Wagner 15 Joer, hei rechts vu mir. Op jeeweils 10 Joer kommen d'Natascha Befort, hei ganz lénks vu mir an d'Edy Mendes, ganz rechts vu mir. Den Asaz vun alle Mataarbechter huet eis zur gréisser Agence Immobilière nërdlech vun der Stad gemaach.


Weider well ech ernimmen:

  • Den Architekt Marc Speicher mat sengen Dammen. Si zeechne responsabel fir éis Neikonstruktiounen, vum Plangen bis zur leschter Zill.

  • D'Banquiere vun der BGL déi un eis gegleeft hunn, déi éis hiert Vertraue geschenkt hunn an de finanzielle Buedem geschaf hunn fir éis Projeten.

  • Der Etude Weiler, Wiltzius a Biltgen, déi eis a ville komplexen Dossiere beroden a weidergehollef hunn.

  • Déi Responsabel an de Gemengen- a staatleche Verwaltungen, déi éis ënnerstëtzt hunn.

  • Nach eng kéier Merci un all déi, déi ech net genannt hunn.


Op engem Dag wéi haut erlaben ech mir, e puer Iwerleeungen ze maachen zu deem vill zitéierte Saz aus der Politik: "D'Wunne muss bëlljer ginn héi zu Lëtzebuerg".

Dir Dammen, Dir Hären,

Fakt ass, datt mir am Neibau hei am Land Weltmeeschter sinn:

  • Am bürokrateschen an administrativen Opwand; deen Deel mécht 20-25% vum Konstruktiounspräis aus,

  • Weltmeeschter wad d'Dauer ugeet bis eng Genehmegung erdeelt gëtt. Beim Erschléisse vun engem Neibaugebitt si 5 bis 10 Joer normal. Bei Residenzen all ze oft 2-3 Joer. Esouguer vereenzelt bei Eefamilljenhaiser ass d'Dauer olympiaverdächteg. Wa Genehmegungen iwert d'Gemengeninstanzen eraus noutwenneg ginn, gëtt dat ganzt eng Geesterfaart mat Ausgang onbekannt.

  • Weltmeeschter si mir an den Energieklassen, wat sech natierlech och am Präis néierschléit.

  • D'Aarbechtsléin déi bezuelt ginn, sinn héi am Verglach zu den Nopeschlänner.

  • Eis Bauqualitéit ass am Schnëtt besser wéi bei éisen Noperen.


Dir Dammen, Dir Hären,

Ënnert deene Viraussetzungen ka Wunnen net bëlljer ginn. Ech wier frou, wann déi grouss Politiker hiert selwer geschafent Regelwierk géifen iwerdenken an d' "simplification administrative"endlech géifen uwennen.

Wat déi allgemeng Präisentwécklung um Wunnengsmaart ugeet, sief der Politik an d'Stammbuch geschriwen:

75% vun den Haushalter héi zu Lëtzebuerg si Propriétairen. Déi Propriétaire si frou wann hir Eegentumsaktien net nëmmen hire Wäert behalen, mä och u Wäert zouhuelen, an dat ass gutt fir déi ganz Wirtschaft.

E Präisverfall wier net nëmmen eng Katastroph fir déi Betraffen, mä fir déi ganz Wirtschaft, wa 75% vun den Haushalter méi aarm ginn. D'Aufgab vun der Politik muss et sinn, fir sech ëm déi 25% vun de Stéit ze këmmeren, déi net um fräie Maart bedéngt ginn. Duerfier bezuelen déi 75% Propriétaire Steieren: fir dat sozial ofzefiederen.

Dir Dammen, Dir Hären, och wann ech elo grad festgestallt hunn, datt mir héi am Land ëmmer méi verbürokratisieren an eng Tendenz do ass, fir den Entrepreneursgeest d'ënnerdrécken, léisst mech dach op déi gutt Erfarung aus der Vergaangenheet hoffen, mat vereenzelte Gemengen, an dozou gehéiert och d'Dikricher Gemeng grad esou, wéi och mat eenzelne Responsablen aus ënnerschiddleche Verwaltungen an Institutiounen, déi praxis no reagéiert hunn an et sou méiglech gemaach hunn, dat Projeten ee gutt Enn fonnt hunn.

Mir brauchen ee grondlejënde Mentalitéitswiessel héi zu Lëtzebuerg, ewech vun der Wuelstandsstagnatioun! Nëmmen esou ass eng gesond wirtschaftlech Zukunft fir éis all méiglech.

Mir hunn nach vill Iddien a Projete fir éise Betrib weider z'entwéckelen an ze vergréisseren. Mir sinn zouversiichtlech, datt miret fäerdeg bréngen, esou wéi an der Vergaangenheet och an der Zukunft all Steng aus dem Wee ze raumen fir éis Ziler z'erreechen.

Ier ech elo zum Schluss kommen, dir Dammen, dir Hären, wël ech nach ee Geheimnis lëften.

Ganz vill Léit aus a ronderëm Dikrech stelle sech ëmmer erëm d'Fro: Firwat schaffe beim Paul Reinig nëmmen Dammen? Firwat mengt dir? Dir Hären, wësst Dir et? D'Äntwert ass ganz einfach: d'Damme kënnen e puer Saache matenee maachen.

Sou - 

Merci fir Är Präsenz, Merci fir d'Nolauschteren. An an 10 Joer gesinn mir éis erëm op dëser Plaz!

Den Här Claude Haagen, Buergermeeschter vun der Stad Dikrech, schwätzt elo zu iech.

W.e.g. Här Haagen.

—————————————————————————————————————————————————————

Usprooch vum Buergermeeschter



——————————————————————————————————————————————————————

Usprooch vum Vize-Präsident vum Dikrecher Geschäftsverband



——————————————————————————————————————————————————————

Dir Dammen, Dir Hären,

Elo grad hunn ech Iech gesot, wat d'Dammen alles kënnen, an duerfir wël ech menge Mataarbechter, éisen Dammen, eng besonnesch Reverenz erwéisen a Merci soen.

Ech bieden éis Studenten hinnen e schéine Bouquet Blummen z'iwerreechen.

Blummeniwerreechung vun de Studenten

no images were found

Ee Moment!

Schéin ze kucken, déi vill Bouqueten...

Dir gesitt 3 Dammen hunn nach kee Bouquet iwwerreecht kritt.

3 Dammen, déi ganz ënnerschiddlech Positiounen a Fonktiounen hunn, an do ganz besonnescht gewirkt hunn. An duerfir wël ech hinne perséinlech d'Blummen iwerreechen.

D'Laure, meng Fra, suergt zënter 34 Joer fir den Ausgläich tëschent dem Privaten an éisem Geschäft. Eng 34 järeg Erfollegstory!

D'Marcelle, éis Direktiounssekretärin. D'Marcelle bléckt ëmmer no vir. D'Marcelle huet éise Betrib matgeprägt an dësen Dag wesentlech organiséiert.

D'Nadine huet an deene 17 joer ni d'Fassung verluer. D'Nadine ass de rouege Pol am Betrib wann alles drënner an driwer geet.

Blummeniwerreechung vum Här Paul Reinig



Ech soen all deene Merci, déi gehollef hunn dësen Dag esou schéin ze maachen.

Menge Mataarbeschter, de Studenten an allen aneren.

Merci der Gemeng Dikrech an dem Direkter vum Kolléisch, si hunn éis hire Parking zur Verfügung gestallt.

Merci un éis Noperen, déi déi lescht Deeg vill Verständnis haten.

Ech wënschen iech e gudden Appetit, iesst, drénkt a feiert laang mat eis.

Merci am Viraus a vergiesst net wat ech iech gesot hunn:

An 10 Joer Rendez-vous op dëser Plaz! "



—————————————————————————————————————————————————————

—————————————————————————————————————————————————————