20 Jahre Reinig Promotions

„Ech heeschen Iech häerzlech wellkommen op den 20jarige Betriibsjubiläum vun der Reinig Promotions. Ech begréissen déi Responsabel vun de Servicer vun der Gemeng Dikkrech, d’Patronen an d’Vertrieder vun de villen Handwirksbetriber déi an deene leschte 20 Jar fir eis geschafft hunn. D’Proprietäre vun der Residenz Dominique déi Residenz bei där mir hei stinn. D’Proprietäre vun der Residenz Paul déi hei niewendrun am Bau ass. D’Proprietäre vun der éischter Residenz déi mir gebaut hunn.

D’Patroen an d’Vertrieder vun de Planungsbüroen, d’Bankevertrieder, all Inviteeën, all meng Mataarbeschter a meng Famill.

Reinig Promotions ass gegrënnt gi mam notariellen Akt vum 11.Juni 1998 mam Objektiv wéi den Numm schons verréit fir “ Promotion immobilière “ ze réaliseieren.

1998 kuurz virum Jardausendwiessel hat eist Land 424.000 Awunner fir elo 20 Jar méi spéit schons méi wéi 600.000 Anwunner ze hunn, eng Steigerung vu méi wéi 40 %.

Zensen waren deemols iwer 7% an elo si mir enner 2%.

Eis eischt Residenz hu mir hei zu Dikkrech an der Sauerwiss gebaut “Residenz Marguerite”. Am Laf vun deenen 20 Jar si vill Projetë realiséiert ginn an de gréissten a menger Heemechtsgemeng Bettenduerf, ee Mix vun Eefamilljenhaiser, Zweefamilljenhaiser, an 1 Residenz, am ganzen 26 Terrainen.

Hei zu Dikkrech baue mir vill, dest Jar hu mir hei 5 Chantierën, 2 si souwäit fäerdeg, 1 am Bau an 2 an der Planung. Hei op dëser Plaz well ech déi gutt Kooperatioun mat de Gemengenservicer vun der Stadt Dikkrech ënnerstraichen. Mir hunn zur Zeit ausser Dikkrech och nach 2 Chantieren zu Bettenduerf, 2 zu Christnach an 1 zu Niederfeelen. An der Planungsphas sënn och nach Appartementer zu Méischtreff an zu Stolzebuerg.

D’Plangen, d’Berechnungen an de Suivi vun den Projeten hunn extern Büroe gemach, alles soss ass vun hauseegene Matarbeschter gemach gin an dat huet sech net nemmen op administrativ Arbischt begrenzt, villes wat net stemmig war ass bei menge Mataarbeschter a bei mir um Dësch geland.

An deene leschten 20 Jar hu Baugesetzer fondamental geännert, ech erënneren: dat neit Bautegesetz vun 2004 mat alle Modifikatiounen déi duerno komm sinn, d’Gesetz vun 2008 betreffent d’Wasserbewirtschaftung, eppes ganz Neies. Déi nei Gesetzgebung iwer d’Energieklassen. Déi dauernt Ännerunge vun dem Gemenge PAGen an déi ganz nei PAGe mat Auswirkungen op Zuel vun den Niveaue vun de Gebaier, d’Gréisst vun den Appartementer an d’Baudicht ganz allgemeng, dat alles huet Gestehungspräisser an domat noutgedrongen d’Verkaafspräisser massiv no uewe gedréckt. De ganze Woust vun administrativen Oploe, Plange, Berechnungen, Etuden, Analysen, Taxen asw. maachen haut mindestens 25-30 % vum Gesamtgestehungspräiss aus. Déi vill kritiséiert ze héisch Terrainspräisser maachen 30 % vum Gestehungspräiss aus, also direkt bescheiden am Verglach zu den administrative Fraisen. Déi rezent sektoriell Pläng gi weider an déi Richtung vu méi administrativem Opwand an Enteegnung, de Verkaf gëtt ëmmer méi mat Virkaafsrechter hypothekéiert

Fir d’Politik ass d’Wunnen ze deier an d’Léisung wier einfach méi ze bauen an Terrainspraiser misste willkürlech no ënne gedréckt ginn.

Ech kann domat net vill ufänken.

Déi heisch Gestehungspräisser bleiwen och wa méi gebaut gëtt. Terrainspräisser drécke bei den héijen Erschléissungskästen an am Ëmfeld vun enger prosperéierender Wirtschaft ass Illusioun. Villmei misst d’Politik dofir suerge Spillraum ze schafen datt méi einfach ka gebaut ginn, mat manner “complications administratives” an net wéi elo Politik selwer Präissdreiwer ass. Sou wieren och Leit mat bescheidene Budgeten erëm derbäi, elo ginn emmer méi Haushalter an de soziale Wunnengsbau gedréckt, ee Beräich wou vill Direktere verschlass a wéineg Wunnenge gebaut ginn, so geschitt beim Fonds de Logement.

Genehmigungprozedure vun 5–10 Jar missten onbedengt gekierzt ginn, well soss wann Zensen klammen, eng massiv Präisshausse onvermeidbar ass, an domat den zweetgréisste Wirtschaftssektor hei am Land kéint kollabieren.

Hei eng interessant Positioun vun engem Politiker. Hie sot wéi hin sech d’Bauen an Zukunft virstellt a Punkto Ecologie an Energieklassen. Zum Schluss ass ee Mann opgestanen a sot: Alles richteg mä ze deier, dat kann ech mir net leesten. Dorops hin sot dëse Politiker, datt an Zukunft Baubestemmungen op Wirtschaftlichkeet, op Bezuelbarkeet missen iwwerpreift ginn.

Also besteht dach nach vielläicht Hoffnung!

Beim Ausschaffe vun de Bautereglementer mussen Akteuren vum Terrain mat an d’Boot gehol ginn. Et duerf net senn, sou wéi et mir elo kurz geschitt ass, datt ee Bauingenieur vun engem technische Gemengenservice mir net méi ka soen wat ech ka bauen nom neien PAG. So onverständlich senn déi eenzel Artikelen. Oder wéi geschitt op enger Informatiouns Versammlung vun engem PAG, de Planungsbüro ongenéiert Äntwert bei enger technischer Fro “Mir hunn nach nie een Haus gebaut”. Hei muss ganz séier een Ëmdenke stattfannen an Akteuren vum Terrain mussen mat um Dësch sëtze beim Opstelle vun de Reglementer a Gesetzer.

Bei aller Kritik solle mir nët vergiessen datt hei am Land 75 % vun den Haushälter Proprietäre sinn, bei eisen Nopeschlänner si mir op der Halschent.

Dee Prozentsatz duerf an den nächste Jarzenkten net méi kleng ginn! An durfir muss die Verallgemeinerung vum Eegentum gebremst ginn.

Bei der Promotion immobilière geet et ëm ganz vill Geld an domat ass vill Risiko verbonnen. Kalkulatiounen an Realitéit sinn net emmer identisch. Nëmmen eng gelonge Symbios tëschent Planungsbüroen, Handwirksbetrieber, der Bank an dem Promoteur sëchert den Erfolleg vun deenen eenzelne Projeten.

Bei eis intern gëtt Reinig Promotions iwergreifend vun den Matarbeschter aus den Servicen Vente a Location betreit.

D’Sandra Kolbach ass hei feederféierend. Sandra ass seit 16 Jar an der Immobiliebranche täteg an déi lescht 5 Jar an eisem Betrib. De Bouquet Blumme Sandra, deen ech dir um Jubiläumsdag stellvertriedend fir all déng Mataarbeschter iwwerechen, déi Blume solle symbolisch meng Unerkennung, mäi Respekt vermëttle fir deen Erfolleg deen dir alleguerte fir Reinig Promotions méiglech gemach hutt.

Promotion immobilière ass a bleift mat engem gewësse Risiko verbonnen. D’Bank de wichtegste Partner huet am léifsten Nullrisiko. Merci un déi Responsabel aus de Bankegremie fir déi Vertrauen a gutt Zesummenaarbescht aus der Vergaangenheet genau sou wichteg ass wéi déi plakesch Zuelen an den Dossieren.

Dat mir hei op dëser Plaz feieren ass Zoufall, d’Ferdigstellung vun der Residenz Dominique an eisen 20järige Jubliläum sënn zesummengefall.

Residenz Dominique huet 11 Appartementer mat enger Wunnfläch vu méi wei 800 m2, 10 Garagen an 2 Stellplaze baussen. Bauzäit war 24 Meint. All Apartementer sinn no Süden ausgeriicht mat grousse Balkonen a bestiechen durch hir Helligkeet a Panoramavue.

Dëse Site ass un 2 Buslinen vun Echternach a Veianen ugebonnen. Wunnenge si fir selwer dran ze wunnen oder fir ze verlounen optimal. Ech feliciteieren alle Proprietären, dir huet éischtklassig investéiert.

Ab halwer 7 kennt dir Iech dohanne beim Stand “Visite guidée” melle fir ee Bléck an d’Gebai ze kréien a verschidden Appartementer ze besichtigen. Um leschte Stack um Retrait am Appartement vun menger Duechter Marguy, verwinne mir Iech och nach. Hei niewendru baue mir d’Residenz Paul, spigelverkéiert Ebebild vun der Residenz Dominique. Do sinn nach verschidden Appartementer ze verkafen. Dir kënnt hei an der Residence Dominique Appartementer kucken déi Dir an der Residence Paul kënnt kafen.

Ofschléissend meng Unerkenung a mäin Dank un all Betriber a Büroe mat deene mir zesummegeschaft hunn an deenen 20 Jar, et senn der ze vill fir se all eenzel opzezielen.

Un all eis Klienten dee bei eis investéiert hunn, meng Mataarbechter a meng Famill, an der Famill Gohse-Lommel, fréier Proprietäre vun dësen Terrainen.

D’Blumme soen alles ouni Wierder dofir iwereechen ech ee Bouquet dem Laure menger Fra

Dem Marcelle Wagner, d’Marcelle zeechend verantwortlich fir des Feierlechkeeten

Dem Marthe Brimmeyer, d’Marthe huet ganz vill arrangéiert fir dës Feier

Dem Dominique Steiner dem Paul JR senger Fra, dës Residenz dréit säin Numm.

An dräi blo Rousen, d’Faarw vum Betrib fir de Jong vum Dominique a Paul a mäin Enkel, den Nicolas Reinig.

Merci u meng ganz Equipe. Staark als Ganzt si mir nëmme wann all eenzelne staark ass, a staark sitt Dir.

Iech alleguerte Merci fir är Ennerstëtzung an ärt Kommen.

Beim Patt a gudde Maufele feiere mir elo mat Iech zesummen.“

 

Neue Agentur in Luxemburg

Die Mitarbeiter der Immobilienagentur Paul Reinig freuen sich Ihnen die Eröffnung unserer neuen Agentur in Luxemburg mitzuteilen.

Adresse: 245, route de Beggen                                                              Öffnungszeiten: 09.30 – 12.00 Uhr

L-1221 LUXEMBOURG                                                                                                    13.00 – 17.00 Uhr

 

40. Betriebsjubiläum

“ Dir Dammen, Dir Hären,

Häerzlech wëllkomm op éisem 40-järege Betribsjubiläum. Ech begréissen éisen Député-Maire Claude Haagen a seng Schäffen, d’Responsabel vun de staatlechen a Gemengeverwaltungen, den Dikrecher Geschäftsverband, léif Invitéen, léif Mataarbechter, léiw Famill.

1975, wéi ech mech an d’Selbstännigkeet gewot hunn, war d’Ëmfeld alles anescht ewéi roseg. D’Land war voll getraff vun der Stolkris, eng Folleg vun der Erduelegkris. Fir d’Massenaarbechtslosegkeet ze vermeiden, huet d’Regierung een Noutstandsaarbechtsgesetz gestëmmt.

An der Follig ass d’Solidaritéitssteier agefouert ginn, d’Zënse si geklomm an dat Ganzt war begleet vun enger galoppirender Inflatioun.

Trotz allem hunn ech mech getraut, nodeems ech 3 Jäer virdrun als Freelance bei der Agence Kieffer zu Ettelbréck geschafft hunn, mech 1975 selbstännig ze maachen, hei niewendrun op Nr. 12, dee Büro mat där klenger Vitrine.

1975 - Büro Diekirch
            1975 – Büro Diekirch

D’Servicer déi ugebuede goufen waren d’Vente, d’Locatioun an d’Assurancen. Déi 3 éischt Jäer war den Theo Jacoby vum Büro Croisé mäin Associé. Säi Büro huet mir am Ufank vill gehollef a mir schaffen och haut nach ëmmer an den Assurancen zesummen.

Deemols goufen et 2 Agencen hei am Norden: eng ganz uewen am Éislek, an ech hei zu Dikrech.

E jonke Beruff dee relativ onbekannt war, jiddefalls hei am Norden.

1928 gouf déi 1. Agence Immobilière an der Stad gegrënnt.

Den Eemannbetrib war d’Norm, an d’Bürosariichtung war spartanesch. An den 80er Joren huet d’Grousswiederlag sech net gebessert. Mir haten Zënse vun 12% op den Hypothéikekreditter, eng Solidaitéitssteier vun 8%, d’Loyeren vun de Geschäftslokaler ware vum Gesetzgeber blockéiert an de Steierbarême war wesentlech méi ongënsteg wéi haut.

Dat alles huet den Immobilienmaart gehemmt fir net ze soen gelähmt.

Trotzdem konnt de Büro an den 80er Joren technesch lues a lues moderniséiert ginn. 1985 hu mir déi 1. Hausverwaltung gemaach, an zwar manuell, 1987 ass déi 1. Sekretärin ugestallt ginn.

An den 90er Joren huet de Maart sech entspaant, d’Zënse si rof gaang, d’Solidaritéitssteier ass zeréckgefuer ginn an d’Wirtschaft ass am allgemenge besser gelaf.

Zouversiicht an Dynamik ass an den Immobiliemaart zréck komm.

De Quantesprong an der Entwécklung vun éisem Betrib huet an de leschten 20 Joer stattfonnt.

Am Ufank vun den 90er Joren ass déi 1. Informatik installéiert ginn.

Zanter 1997 huet sech d’Mataarbechteréquipe kontinuéierlech vergréissert an den 1. Hausverwaltungsprogramm gouf 1994 installéiert.

Reinig Promotions gouf 1998 gegrënnt, mam Zil Residenzen an Haiser ze bauen a Lotissementer z’entwéckelen.

Zur Zäit sinn 9 Residenzen an der Maach an 21 Terraine gi mat Eefamilljenhaiser bebaut.

Weider Projete si schonns an d’A gefaasst. All eis Realisatioune befannen sech an engem Ëmkrees vu 15 km.

2000 hu mir hei op dëser Plaz nei Büroen opgemaach an hun deen ale Büro moderniséiert.

 

2004 hu mir e Büro zu Ettelbréck opgemaach op der Nr 10, avenue Salentiny.

 

An deene Joren sin d’Büroen alleguerten elektronesch ëmmer méi performant ginn an all Service krut seng spezifesch Programmer. 

2008 hu mir een neie Programm fier Hausverwaltungen entwéckele gelooss. E Programm, deen op eis lëtzebuerger Verhältnisser zougeschnidden ass, an de lëtzebuerger Gesetzer a Reglementer Rechnung dréit.

D’Presentatioun vun der Ofrechung ass einfach an transparent a gutt verständlech fir eis Coproprietairen.

De Service Hausverwaltung steet zanter 15 Joren ënnert der Regie vun der Mme Wagner, si steet hei zu menger rechter Säit. Hire Service hëlt vu Joer zu Joer u Volumen zou.

Fir éis Coproprietairen nach besser ze bedéngen hu mir éis Büroe vergréissert, an zwar hu mir 2010 hei zu Dikrech e Versammlungssall ageriicht, an 2012 e Versammlungssall zu Ettelbréck.

Zënter 2012 hu mir eng eegen Hauszeitung, déi mir selwer drécken an déi all Woch aktualiséiert gëtt.

An de vergaangene Joren hu mir ëmmer dru geschafft fir eis visuell Presentatioun ze verbesseren an de Vitrinnen, an de Printmedien an och virtuell op den Internet-Säiten.

Ganz vill Wäert hu mir an de vergaangene Joerzéngten op d’Formatioun an d’Weiderbildung vun de Mataarbechter geluecht.

Dee groussen Zousproch dee mir bei éise Clienten erfuer hunn, huet et méiglech gemaach, datt ech haut 14 Mataarbechter am Betrib hunn déi d’Büroen Dikrech an Ettelbréck bedéngen. Si stinn alleguerte ronderëm mech bis op d’Arlette Stork. D’Arlette kann haut net bei éis sënn.

Dankbarkeet an Unerkennung wëll ech ganz allgemeng alle soen, déi zu deem Erfolleg bäigedroen hunn.

Ganz besonnesch wëll ech do ernimmen:

  • Meng Famill, déi hei viru mir steet, si hunn alles musse matdroen an erdroen, dacks hu si missten zrécksteechen, wann de Betrib mol ërem eng kéier Prioritéit hat.
  • All meng Mataarbechter, och déi, déi haut net méi bei mir schaffen. Déi Equipe déi haut hei ronderëm mech steet, zeechent sech aus duerch eng laang Betribszougehéiregkeet. Am längste bei mir schaffen, d’Nadine Weber 17 Joer, hei lénks vu mir, d’Marcelle Wagner 15 Joer, hei rechts vu mir. Op jeeweils 10 Joer kommen d’Natascha Befort, hei ganz lénks vu mir an d’Edy Mendes, ganz rechts vu mir. Den Asaz vun alle Mataarbechter huet eis zur gréisser Agence Immobilière nërdlech vun der Stad gemaach.

Weider well ech ernimmen:

  • Den Architekt Marc Speicher mat sengen Dammen. Si zeechne responsabel fir éis Neikonstruktiounen, vum Plangen bis zur leschter Zill.
  • D’Banquiere vun der BGL déi un eis gegleeft hunn, déi éis hiert Vertraue geschenkt hunn an de finanzielle Buedem geschaf hunn fir éis Projeten.
  • Der Etude Weiler, Wiltzius a Biltgen, déi eis a ville komplexen Dossiere beroden a weidergehollef hunn.
  • Déi Responsabel an de Gemengen- a staatleche Verwaltungen, déi éis ënnerstëtzt hunn.
  • Nach eng kéier Merci un all déi, déi ech net genannt hunn.

Op engem Dag wéi haut erlaben ech mir, e puer Iwerleeungen ze maachen zu deem vill zitéierte Saz aus der Politik: „D’Wunne muss bëlljer ginn héi zu Lëtzebuerg“.

Dir Dammen, Dir Hären,

Fakt ass, datt mir am Neibau hei am Land Weltmeeschter sinn:

  • Am bürokrateschen an administrativen Opwand; deen Deel mécht 20-25% vum Konstruktiounspräis aus,
  • Weltmeeschter wad d’Dauer ugeet bis eng Genehmegung erdeelt gëtt. Beim Erschléisse vun engem Neibaugebitt si 5 bis 10 Joer normal. Bei Residenzen all ze oft 2-3 Joer. Esouguer vereenzelt bei Eefamilljenhaiser ass d’Dauer olympiaverdächteg. Wa Genehmegungen iwert d’Gemengeninstanzen eraus noutwenneg ginn, gëtt dat ganzt eng Geesterfaart mat Ausgang onbekannt.
  • Weltmeeschter si mir an den Energieklassen, wat sech natierlech och am Präis néierschléit.
  • D’Aarbechtsléin déi bezuelt ginn, sinn héi am Verglach zu den Nopeschlänner.
  • Eis Bauqualitéit ass am Schnëtt besser wéi bei éisen Noperen.

Dir Dammen, Dir Hären,

Ënnert deene Viraussetzungen ka Wunnen net bëlljer ginn. Ech wier frou, wann déi grouss Politiker hiert selwer geschafent Regelwierk géifen iwerdenken an d‘ „simplification administrative“endlech géifen uwennen.

Wat déi allgemeng Präisentwécklung um Wunnengsmaart ugeet, sief der Politik an d’Stammbuch geschriwen:

75% vun den Haushalter héi zu Lëtzebuerg si Propriétairen. Déi Propriétaire si frou wann hir Eegentumsaktien net nëmmen hire Wäert behalen, mä och u Wäert zouhuelen, an dat ass gutt fir déi ganz Wirtschaft.

E Präisverfall wier net nëmmen eng Katastroph fir déi Betraffen, mä fir déi ganz Wirtschaft, wa 75% vun den Haushalter méi aarm ginn. D’Aufgab vun der Politik muss et sinn, fir sech ëm déi 25% vun de Stéit ze këmmeren, déi net um fräie Maart bedéngt ginn. Duerfier bezuelen déi 75% Propriétaire Steieren: fir dat sozial ofzefiederen.

Dir Dammen, Dir Hären, och wann ech elo grad festgestallt hunn, datt mir héi am Land ëmmer méi verbürokratisieren an eng Tendenz do ass, fir den Entrepreneursgeest d’ënnerdrécken, léisst mech dach op déi gutt Erfarung aus der Vergaangenheet hoffen, mat vereenzelte Gemengen, an dozou gehéiert och d’Dikricher Gemeng grad esou, wéi och mat eenzelne Responsablen aus ënnerschiddleche Verwaltungen an Institutiounen, déi praxis no reagéiert hunn an et sou méiglech gemaach hunn, dat Projeten ee gutt Enn fonnt hunn.

Mir brauchen ee grondlejënde Mentalitéitswiessel héi zu Lëtzebuerg, ewech vun der Wuelstandsstagnatioun! Nëmmen esou ass eng gesond wirtschaftlech Zukunft fir éis all méiglech.

Mir hunn nach vill Iddien a Projete fir éise Betrib weider z’entwéckelen an ze vergréisseren. Mir sinn zouversiichtlech, datt miret fäerdeg bréngen, esou wéi an der Vergaangenheet och an der Zukunft all Steng aus dem Wee ze raumen fir éis Ziler z’erreechen.

Ier ech elo zum Schluss kommen, dir Dammen, dir Hären, wël ech nach ee Geheimnis lëften.

Ganz vill Léit aus a ronderëm Dikrech stelle sech ëmmer erëm d’Fro: Firwat schaffe beim Paul Reinig nëmmen Dammen? Firwat mengt dir? Dir Hären, wësst Dir et? D’Äntwert ass ganz einfach: d’Damme kënnen e puer Saache matenee maachen.

Sou – 

Merci fir Är Präsenz, Merci fir d’Nolauschteren. An an 10 Joer gesinn mir éis erëm op dëser Plaz!

Den Här Claude Haagen, Buergermeeschter vun der Stad Dikrech, schwätzt elo zu iech.

W.e.g. Här Haagen.

—————————————————————————————————————————————————————

Usprooch vum Buergermeeschter

——————————————————————————————————————————————————————

Usprooch vum Vize-Präsident vum Dikrecher Geschäftsverband

——————————————————————————————————————————————————————

Dir Dammen, Dir Hären,

Elo grad hunn ech Iech gesot, wat d’Dammen alles kënnen, an duerfir wël ech menge Mataarbechter, éisen Dammen, eng besonnesch Reverenz erwéisen a Merci soen.

Ech bieden éis Studenten hinnen e schéine Bouquet Blummen z’iwerreechen.

Blummeniwerreechung vun de Studenten

Ee Moment!

Schéin ze kucken, déi vill Bouqueten…

Dir gesitt 3 Dammen hunn nach kee Bouquet iwwerreecht kritt.

3 Dammen, déi ganz ënnerschiddlech Positiounen a Fonktiounen hunn, an do ganz besonnescht gewirkt hunn. An duerfir wël ech hinne perséinlech d’Blummen iwerreechen.

D’Laure, meng Fra, suergt zënter 34 Joer fir den Ausgläich tëschent dem Privaten an éisem Geschäft. Eng 34 järeg Erfollegstory!

D’Marcelle, éis Direktiounssekretärin. D’Marcelle bléckt ëmmer no vir. D’Marcelle huet éise Betrib matgeprägt an dësen Dag wesentlech organiséiert.

D’Nadine huet an deene 17 joer ni d’Fassung verluer. D’Nadine ass de rouege Pol am Betrib wann alles drënner an driwer geet.

Blummeniwerreechung vum Här Paul Reinig

Ech soen all deene Merci, déi gehollef hunn dësen Dag esou schéin ze maachen.

Menge Mataarbeschter, de Studenten an allen aneren.

Merci der Gemeng Dikrech an dem Direkter vum Kolléisch, si hunn éis hire Parking zur Verfügung gestallt.

Merci un éis Noperen, déi déi lescht Deeg vill Verständnis haten.

Ech wënschen iech e gudden Appetit, iesst, drénkt a feiert laang mat eis.

Merci am Viraus a vergiesst net wat ech iech gesot hunn:

An 10 Joer Rendez-vous op dëser Plaz! “

—————————————————————————————————————————————————————

—————————————————————————————————————————————————————